KETTI
Eng Epicerie Fine mat héichwäertegen lokalen Produkter an der Sauerstaat
Mat enger grousser Léift fir Lëtzebuerg hu mir eis Fro gestallt wat mir maachen kënnen fir de Leit ze weisen wéi villsäiteg eis schéint Lëtzebuerg ass. Sou si mir op Iddi komm Lëtzebuerger Produkter an enger Form vun engem Kaddo unzebidden.
2020 hu mir du Firma Corbeille.lu gegrënnt wou mir aus lokalen Produkter Corbeillen zesummen stellen. No e puer Méint schonn hu mir gemierkt dass eis de Kontakt zu de Clienten fehlt an hunn eis dunn decidéiert ee Geschäft opzemaachen wou mir eis Corbeillen kënnen ubidden an awer och héichwäerteg Produiten. Mir hunn eis dunn dofir entscheed dëst zu Diekrich ze machen an der Groussgaass wou dir eisen Buttek säit dem 15 September fannt.
Mir géifen eis frehen Iech kennen ze begréissen
Kristina & Kevin

Héichwäerteg Lokal Produkter direkt vum Produzent an eise Buttek
Mir bidden ee groussen Choix un 100% lëtzebuergesch Produkter
Mat enger saisonaler Dekoratioun & ganz vill Léift stellen mir Corbeillen zesummen
Eng frëndlech a kompetent Berodung sti fir eis op éischter Platz

Ketti
Produkter & Corbeillen
An eisem Buttek fannt Dir ee grousst Sortiment un Lëtzebuergesch Produkter , Souveniren & alles waat eist schéint Ländchen ze bidden huet. Mir sin permanent am Austausch mat lokalen Produzenten fir emmer nai, saisonal an och frësch Produkter am Buttek kënnen unzebidden
Dir sidd op der sich no enger Corbeille mat all dësen Delikatessen?
FROEN?
KONTAKTÉIERT EIS!
- 30 Grand-Rue L-9240 Diekirch, Luxembourg
- +352 27569566
- info@ketti.lu
oder Schreift eis